D’CSV an der Gemeng Hesper zielt ronn 345 Memberen, dovunner sinn 61% Männer an 39% Fraen.
Mer schaffen enk mat onser Jugend, der CSJ zesummen.
All Awunner aus der Gemeng ass wëllkomm bei eis matzeschaffen.
Eis Leit an der Chamber an an der Gemeng
Mam Marc Lies an dem Diane Adehm stellt d’CSV Hesper zwee Deputéierten vun 21 CSV-Vertrieder aus dem Zentrum an der Chamber.
Mat 8 vu 15 Conseilleeën stelle mir d’Majoritéit am Gemengerot. D’CSV Hesper stellt zanter ville Joeren de Buergermeeschter. Vun 1975 bis zu sengem Doud am Joer 1999 wor dat den Alphonse Theis. Uschléissend wor d’Marie-Thérèse Gantenbein Buergermeeschter vun 1999 bis 2008. Des verantwortungsvoll Positioun huet de Marc Lies am Dezember 2008 iwwerholl. Am Schäfferot ass d’CSV Hesper desweideren duerch d’Diane Adehm, de Georges Beck an de Romain Juncker vertrueden.
Wei mir schaffen
De Comité vun enger CSV Sektioun setzt sech aus mindestens dräi gewielte Memberen zesummen. Gemengeréit, Deputéiert a Minister aus enger Sektioun gehéieren dem Comité d’office un. Och jee zwee Vertrieder vun den Organisatiounen CSJ, CSF an Senioren.
De Comité ass d’Exekutivorgan vun enger Sektioun a muss sech un Decisiounen vun der Generalversammlung halen.
De Comité wielt aus senger Mëtt e President, e Sekretär, e Caissier a bis zu zwee Vizepresidenten.
De Comité organiséiert a koordinéiert d’Aarbechten an d’Aktivitéiten vun der Sektioun. E representéiert d’CSV an der Gemeng an hält de Kontakt mam CSV-Bezierk a mam Generalsekretariat.
D’CSV Hesper ass am Bezierk Zentrum duerch d’Diane Adehm als Präsidentin, de Marc Lies an de Guy Wester als Vizepräsident vertrueden.