Skip to content

Milliarden-invest an d’mobilitéit

Screenshot

Mat zwee Gesetzer huet d’Chamber decidéiert am ganze 5,2 Milliarden Euro an d’Mobilitéit z’investéieren. De Gros, 4,77 Milliarden Euro ginn tëscht 2026 an 2040 an d’Schinneninfrastruktur, awer och an d’Sécherheet vun de Garen, mat zousätzlechem Personal, fir d’Sécherheet vun de Passagéier, investéiert.
Donieft gëtt dann awer och d’Gare zu Beetebuerg, déi Gare mat den zweetmeeschte Passagéier am Land, komplett renovéiert.
Dës zwee Projeten, esou den CSV-Spriecher Marc Lies, sti fir eng gutt Mobilitéit a fir d’Attraktivitéit vum Land.
Nieft dësen zwee Projete fir d’Eisebunn, gouf awer och nach een anere ganz wichtege Projet fir d’Mobilitéit gestëmmt an zwar den neien Tramsschapp op der Cloche d’Or. Dëst ass ee visionäre Projet fir d’Zukunft, och wat Nohaltegkeet ugeet, esou den CSV-Deputéierte Paul Galles. Och de séieren Tram soll hei ugebonne ginn.

Hei as de Link fir de Youtube Video :

Milliarden-Invest an d’Mobilitéit – YouTube https://m.youtube.com/watch?v=Yxji-8fsPSk

Beitrag teilen