A Präsenz vu Premierminister Här Luc Frieden, der Justizministesch Mme Elisabeth Margue, der Europadeputéierte Mme Martine Kemp, dem Deputéierten Här Alex Donnersbach, eis Vertrieder aus dem Gemenge- a Schäfferot, dem Eierebuergermeeschter dem Här Marc Lies, a ville Memberen, huet eise Sektiounspresident Guy Wester, de Vice- President Robert Leven, an eis Sekretärin Myriam Fixmer-Meyer d‘Joer 2025 Revue passéiere gelooss an eis och de ‘Planning 2026’ virgestallt. Presidentin vun der CSJ, Christiane Hoffmann, huet dem Auditoire en Abléck vun eiser Jugend hiren Aktivitéite vun 2025 a 2026 ginn.
Finanze 2025 sin och presentéiert ginn, fir CSJ vum Pit Zahlen a fir CSV vum Philippe Ronvaux, eis Tresoriér.
Eis Buergermeeschtesch, Diane Adehm, huet eis die gréisser Projete 2026 virgestallt, a langjähreg Memberen sin geéiert ginn.
No enger interessanter Ried vum Premierminster dem Här Luc Frieden an enger Ronn Froe an Äntwert as de Auditoire am Foyer vum Celo vun engem flotte Kéisbuffet an engem gudde Patt erwaart ginn.






