“YOUTH CORNER”

My first political choice in Hesperange….?

CSJ Hesper

D’Hesper CSJ ass e Grupp jonker déi zesummen iwwert Ideeën oder Problemer vun deene jonken schwätzen an zesumme no Léisunge sichen. D’Roll vum Zuschauer geet eis definitiv net duer!

Mir wëllen mat um Dësch setzen wann iwwert d’Zukunft vun der Gemeng Hesper geschwat gëtt. Dofir leit et eis ganz besonnesch um Häerz, fir eegen Fuerderungen an Zukunftsideeën mat an de politeschen “daily Business” abréngen ze kënnen, an esou d’Interessie vun deene Jonken eescht ze huelen an ze vertrieden.

Als jonk hu mir och kee Problem domadder Themen unzeschwätzen, virun deenen d’CSV nach zéckt, déi awer a noer Zukunft scho kënne Realitéit sinn.

Nei Ideeën esouwei nei Gesichter sinn wichteg, och an der d’CSV hei zu Hesper, a graat dowéinst ass d’CSJ-Hesper esou wichteg. Well nëmmen duerch eng staark CSJ-Hesper bleift d’Hesper CSV eng dynamesch Sektioun, an der jiddwer Eenzelen zielt – och mir, déi Jonk!

Our history…..!

Säit der Grënnung am Joer 1982, huet d’Hesper CSJ ëmmer nees ënnert Beweis gestallt, datt si bei wichtege Froe matdiskutéiere wëll a kann.

Esou huet d’Hesper CSJ z.B. deen CSV Kongress (am Joer 1984) organiséiert bei deem de Pierre WERNER gesot huet, dass hien net méi géif mat an d’Wahlen goen. Méi rezent war d’Hesper CSJ Co-Organisateure vun engem Informatiounsowend mam Viviane REDING.

Besonnesch stolz si mir als Hesper d’CSJ awer, dass mir et fäerdeg bruecht hunn, verschidde Perséinlechkeeten ervir ze bréngen ewéi zum Beispill den Théo ZEIMES (Schëffen an eiser Gemeng), oder awer natierlech och de Marc LIES (Député-Maire vun Hesper). Si hunn Allenzwee de Goût un der Politik an der CSJ-Hesper fonnt.

A Political home for everybody……!

D’CSV esouwei d’CSJ ginn oft als Kiercheveräin, oder Kierchepartei duergestallt. Mir maachen nun awer emol keng Kierchepolitik, mee eng Politik déi un der chrëschtlech-sozialer léier inspiréiert ass. Dess Politik huet zum Ziel, fir déi ganz Gesellschaft do ze sinn, fir all eis Matmënschen.

Jidder Jonken aus eiser Gemeng, dee sech mat eise Grondsaz identifizéieren kann, ass an der CSJ-Hesper häerzlech wëllkomm. Ob Lëtzebuerger oder Net-Lëtzebuerger, ob Chrëscht, Moslem Jut oder… . Dës Diversitéit ass grad eng vun de grousse Stäerkten vun der CSV, a gëtt dobäi der CSV hirem Usprooch eng Vollekspartei ze sinn, gerecht.

Politics and fun: two different worlds? We prove the contrary…..!

Politik matgestalten ass kee Kannerspill, ma wann een dat awer ënnert Kollege an enger gemittlecher Ambiance maache kann, mécht et awer ëm sou méi Spaaß. Esou hues du an der Hesper CSJ d’Méiglechkeet fir aner Jonker aus der Gemeng kennenzeléiren, a matt hinnen deng Iddeeën ze diskutéieren.

D’Hesper d’CSJler sinn op deene verschiddensten Niveauen vun der d’CSJ präsent, sief et am Bezierk wou mir zanter bal 10 Joer de President stellen, oder awer och um nationalen Niveau.

D’Hesper CSJ mécht awer net nëmmen Politik. Niewent dëser politescher Funktioun organiséieren mir awer och all Joer z.b. eis Aktioun Kleeschen, gi mat op déi verschidden CSJ on Tour’en oder hëllefen der CSV-Hesper bei der Organisatioun vun hire Fester.

Wann’s du elo Loscht hues, an der Hesper CSJ matzeschaffen, oder matzeschwätzen a matzeentscheeden,  dann mell dech op hesperange@csv.lu

Nëmmen zesumme kenne mir och an d’Zukunft weider um séchere Wee hei zu Hesper goen.

D’HESPER CSJ, THE NEXT CSV-HESPER GENERATION….!!!!!!……..2017……….2023………2029……..2035……