GEMENGEWAHLEN
Den neien “Op de Punkt”
Deemnächst an äerer Bréifkescht Klickt op d’Bild oder op dese link: Op de punkt-Hesperange042017
Fotoen vun der Generalversammlung
Ons Kandidatelëscht fir d’Gemengewalen
Ennert dem Motto „Fir eng staark a lieweg Gemeng Hesper“ goufen déi 15 Kandidatinnen a Kandidaten fir d’Gemengwalen an der Gemeng Hesper op onser Generalversammlung vum 20. Mäerz am Centre Nic. Braun zu Hesper virgestallt. Ons Kandidaten sinn an alle Sektiounen vertrueden: 3 vun Hesper, 3 vum Houwald, 4 vun Alzeng, 3 vu Fenteng an 2 vun Izeg. Dorënner sinn 5 Fraen a 4 Vertrieder aus der CSJ. Kandidaten CSV ...
Wahlanalyse 2011
Léif Frënn vun der CSV Hesper, Op deene folgende Säiten fannt der eng Rei vu Grafiken, déi d’Gemengewahlen zu Hesper méi am Détail beliichten. ____________________________________________ Wahlbedeelegung Et fällt op dass relativ manner gülteg Wahlziedelen iwwreg bleiwen. An der zweeter Grafik stécht den héije Prozentsaz vun den ongültege Stëmmen an ...
Resultater vun de Gemengewalen vun 2011
Verdeelung vun de Stëmmen an der CSV Numm Virnumm Stëmmen Plaz LIES Marc 4463 1 ADEHM Diane 3111 2 ZEIMES Théo 2496 3 LEVEN Robert 1966 4 SPIRINELLI-THILL Triny 1886 5 THEIS Jean 1885 6 BECK Georges 1882 7 JUNCKER Romain 1772 8 WEILER Patrick 1641 9 WESTER Guy 1592 10 EICHER Luc 1548 11 ELCHEROTH Jean 1542 12 GROTZ ép. ...
E grousse MERCI
Léif Wielerinnen a léiwe Wieler, Dier hutt gewielt an d’CSV Hesper geet gestäerkt aus dëse Wahlen erfir. Resultat: CSV 41,64 % ( +4,85%) ergëtt 7 Sëtz (+1) Gewielt sinn: Marc LIES, Diane ADEHM, Théo ZEIMES, Robert LEVEN, Triny SPIRINELLI, Jean THEIS, Georges BECK. Villmols MERCI fir äer Ënnerstëtzung. Äert Vertrauen ass fir eis Optrag an Usporn zugläich. D’Resultater vun der Wiel fannt der hei
Ons Ekipp “Making of” 2011
httpv://www.youtube.com/watch?v=ZPw6bbTvzsc
Gemengewahlen 2011
Léif Matbiergerin, léiwe Matbierger Den 9. Oktober 2011 gëtt en neie Gemengerot gewielt. D‘CSV Hesper steet zanter Joren fir Engagement, Wäitsiicht a Kontinuitéit. Eis Aarbecht ass ëmmer mat Bléck no vir geriicht. An deene leschte Joren goufen vill Aarbechten an Ugrëff geholl. Mat dem Ausbau respektiv dem Ëmbau vun eise Schoulen an Opfangstrukturen ass eise Bléck kloer a Richtung vun der Weiderentwécklung vun ...
E kloere Bléck fir d’Gemeng Hesper
“Mat kloerem Bléck fir d’Gemeng Hesper.” Ennert deem Motto steet de Walprogramm vun der CSV Hesper fir déi nächst 6 Joer. All Themen fannen hir Plaz, illustréiert mat Fotoen aus der Gemeng. Kuckt Iech eise Wahlprogramm un an zéckt net Iech un ons ze wennen, wann der Froen hutt. CSV Hesper, E klore Bléck fir d’Gemeng Hesper Wahlprogramm vun der CSV-Hesper Videoclip