AKTUELL

Romain Juncker neie Member am Hesper Gemengerot

E Freideg, den 21.9.2012 ass de Romain JUNCKER als Nofolger vum Triny SPIRINELLI-THILL am Hesper Gemengerot vereedegt ginn. De Romain huet 53 Joer an ass Chargé de Direction vum Hesper Jugendhaus. Des Weideren ass de Romain Président vun der Hesper Jugendkommissioun esou wéi Member vun der Kulturkommissioun. Wann dir elo méi iwwert de Romain wëllt gewuer ginn, da kuckt hei nach emol wei hien sech bei de leschte ...

Weider liesen

Äddi Justin

DE KOMITEE AN D’MEMBEREN VUN DER CSV-HESPER, hunn déi traureg Flicht matzedeelen, datt den Här Justin Heirendt laangjährege President vun der CSV-Hesper verstuewen ass. De Justin Heirendt wor en engagéierten CSV-Politiker, deen als laangjährege President d’CSV-Hesper matt vill Kompetenz a Wäitsiicht geleet an zum Erfolleg gefouert huet. Der Famill vum Verstuewenen soe mir eist chrëschtlecht Matgefill ...

Weider liesen

CSJ-Hesper waar de Marc Lies op d’Fouer besichen

Op Initiativ vun der CSJ-Hesper ass CSJ an CSV-Hesper der Marc Lies op d’Fouer besiche gaangen. Dëst war elo schonn’s déi 3 Kéier wou mir eis konnte vum Marc zerwéieren loossen, a mir hoffen elo schonn’s dass mir dat och d’nächst Joer maache kënnen. E puer Andréck vum Owend kenn dir op de Fotoen gesinn.        

Weider liesen

Démissioun vum Triny Spirinelli-Thill

D’CSV Fraktioun am Hesper Gemengerot well Iech déi iwwerraschend Noriicht net virenthalen,déi Triny Spirinelli-Thill eis virun der leschter Gemengerotssëtzung matgedeelt huet. Schwéieren Häerzens a no laanger Iwwerleeung stellt Triny aus perséinleche Grënn, no 13 Joer, säin Posten am Hesper Gemengerot ab sofort zur Verfügung. D’Hesper CSV seet dem Triny villmools MERCI fir seng vill Abescht déi et ...

Weider liesen

Generalversammlung 2012

De leschten Donneschdeg hate mer ons Generalversammlungen vun der CSJ an der CSV Hesper am Centre Nic Braun niewt der Gemeng. Ugefang huet d’CSJ och mat der Ukënnegung dat de Sven Fournelle sech aus Altersgrënn zeréckzitt. Him och Merci fir säin Asaz. Dourno wor et un der CSV hierer Generalversammlung. De Marc Lies, Präsident vun der Sektioun a Buergermeeschter huet en Tour d’Horizon iwwert déi ...

Weider liesen

Merci Sven!

No 6 Joer als President an iwwer 10 Joer Member an der CSJ, muss de Sven Fournelle aus Altersgrënn vun der CSJ-Hesper ophalen. Mir all soen him villmools Merci fir seng Abescht déi hien während där Zäit sief et an der CSJ oder an der CSV gemaach huet. Merci Sven.

Weider liesen

Äddi Vic

An dëse Momenter voller Leed an Trauer ëm hire léiwe Verstuerwenen, onse Frënd, an engagéierte Parteimember, dem Victor MOES  ka sech dem Victor seng ganz Famill op dat déifste Matgefill a Bäileed vun der Hesper CSV verloossen! D’Hesper CSV wäert de Victor als en häerzensgudde Mënsch a beschter Erënnerung behalen!  Äddi, Victor, du feels eis! Mir wäerten Dech ni vergiessen! An déifstem ...

Weider liesen