Skip to content

Eddi Yolande

D’CSV an CSJ SEKTIOUN HESPER  huet déi traureg Flicht Iech den Doud vun hirem laangjäregen Kommiteesmember, Sekretärin an Éiresekretärin, der

MADAMM YOLANDE THOMA-KRAEMER

matzedeelen

Si war eis Sekretärin vun 1999 bis 2024.

Mat hir verléiere mir eng jovial, staark a couragéiert a virun allem engagéiert Fra aus eise Reien. D’ Madamm Thoma war ee vun de Pilieren vun der CSV Hesper an immens beléift. Si war 25 Joer  laang Sekretärin vun eiser Sektioun . Op eist Yolande, wéi mir ëmmer gesot hunn, war Verlooss, ëmmer mat engem Laachen an ëmmer prett fir ze hëllefen an eng Hand mat unzepaken . D’ Yolande hat d’Häerz um richtege Fleck.

Hiren Doud ass e grousse Verloscht fir eis Sektioun.

Mir wäerten d’ Yolande a gudder Erënnerung behalen an drécken eist opriichtegt Bäileed aus. Mir denken an dëse Stonne besonnesch un hire Mann an hir Duechter an un déi ganz Famill.

Ce n’est qu’un au revoir! 

Beitrag deelen