Parlamentaresch Fro zum Contournement Hesper

Eisen Buergermeeschter an Deputéierten, Marc Lies, haakt eng weider Kéier bei der Madamm Ëmweltministesch an dem Här Mobilitéitsminister no fir gewuer ze ginn wou den Contournement Hesper drun ass.

QP5129_Contournement Hesper

Iwwerbléck vun den Froen:

  1. Kann déi zoustänneg Ëmweltministesch mir soen, fir wéini mat dem Avis vum Ëmweltministère ze rechnen ass?
  2. Kann den zoustännegen Mobilitéitsminister mir soen, wéini d’Consultation publique soll sinn?
  3. Wéini kann de Regierungsrot mat enger definitiver Decisioun iwwert den Tracé saiséiert ginn?
  4. Wéini gëtt d‘Finanzéierungsgesetz deposéiert?

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.