EMIL 2019

Den EMIL 2019 huet och dëst Joer neess vill Bierger op Izeg an de Jardinage ugezunn a motivéiert fir matzemaachen. Iwwert 100 Leit hu moies d’Natur gebotzt, dono zesummen zu Metteg giess an uschliessend vun den Informatiounsstänn profitéiert. Desen Event gouf vun der Gemeng Hesper an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir Emwelt a Klima organiséiert.

Den EMIL steet fir: Emwelt, Mobilitéit, Interaktioun a Lokal

Wat wor lass?

  • D’Natur gouf gebotzt,
  • all Kand krut en Diplom,
  • d’Souten hun e Bicherbaam an de Logo EMIL mat Recyclingmaterial gebaut,
  • Den Haff Feyder huet de Mozzarella ze schmaache ginn,
  • De CELL aus dem Minett huet d’Äerdschëff virgestallt,
  • D’Energieagence huet gewisen wéi eng Wärmebildkamera fonctionnéiert,
  • De Superspillmobill huet mat de Kanner spiller zum Recyclage gemeet,
  • 2 Spiller fir Kanner ( Bingo an Plastik trennen) vu Memberen aus der Kommissioun,
  • Den Atelier de Jardinage huet eng Expo gemeet an de Logo Emil op Holz gebrannt,
  • Den neien Repair-Café Hesper huet Saache gefléckt,
  • De CIGL Hesper huet selwer gebauten Vullenheisercher, Insektenhoteller asw. ausgestallt,
  • Eng Expo Pestizidfräie Gaard mat Spiller vun der EbL,
  • Mam Segway fueren,
  • Eng Cartoonistin huet e Bild gemoolt,
  • Eng nei Skulptur gouf aus Holz geschnidden, e Weldschwäin fir de Park,
  • Produktioun vun Holzhackschnitzel.