Communiqué CSJ-Hesper: Late-Night-Bus

CSJ_LogoCommuniqué CSJ-Hesper: Late-Night-Bus

Zanter Joren huet d’Gemeng Hesper eng Konventioun mat der Gemeng Weiler la Tour an Duelem fir e Late Night-Bus, deen d’Uertschaften Hesper, Alzeng an Houwald en der Gemeng usteiert.
Ab nächstem Joer kritt och Fenteng säi Late-Night-Bus an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Réiser.
D’CSJ Hesper begréisst dës Entscheedung, stellt awer fest, dass Izeg nach ëmmer net un en Late-Night-Bus ugebonnen ass.
Dohier fuerdere mir dass och Izeg un e Late-Night-Bus ugebonne gëtt.
Eng Léisung, déi mir eis virstelle kéinten, wier dass de Late-Night-Bus, deen iwwert Alzeng fiert, an Zukunft och Izeg usteiert.
CSJ Hesper

Communiqué CSJ_Late-Night-Bus