Invitatioun op d’Gromperefest

Och dest Joer invitéire mer all ons Frenn a Bekannten op onst Gromperefest am CENTRE CIVIQUE zu Hesper.

Sonndeg, den 13. September 2015

Ab 11 Auer zervéiere mer den Apéritif.

Um Menu stinn:

  • Tartiflette
  • Gromperekichelcher
  • Réi a gekachten Ham mat gebootschte Gromperen
  • Wirschtercher mat Sauerkraut a gebootschte Gromperen
  • Äppel- a Quetschentaart, Eisekuchen

Déi ganz Ekipp vun der CSV an der CSJ Hesper freet sech drop Iech wëllkomm ze heeschen.