MIR MAM KLEESCHEN 2014!

Ganz Band dei ennerwee waar, v.l.n.r Viktoria, de Pol, de Guy, de Fred, den Heng, d'Cathia an de Marc Godart
Ganz Band dei ennerwee waar, v.l.n.r Viktoria, de Pol, de Guy, de Fred, den Heng, d’Cathia an de Marc Godart

Léif Memberen,

D’Joer ass bal eriwwer, ma trotzdem steet fir eis allerjéngst nach e wichtegen Datum virun der Dir. Dir wësst et bestëmmt: de Kleeschen kënnt geschwënn.

Zanter elo schonn s méi wéi 10 Joer ass d’Hesper CSJ, Joer fir Joer mam Kleeschen On Tour gewiescht: och dëst Joer erëm. Wann dir och wëllt dass mir mam Kleeschen bis bei Iech laanscht kommen, dann mellt Iech ganz einfach op hesperange@csv.lu oder ennert der Nummer 691 685 439 (beim Guy Wester). Mir hätte folgend Deeg fir Iech zur Auswiel:

Donneschdes, den 4. Dezember

Fréides, den 5. Dezember

oder en aneren Daag op Oofsproch

Wat elo den Oflaf vum Owend ugeet, esou kann ee soen, dass mir plus au moins, 20min mam Kleeschen bei Iech wieren, d’Kanner sangen dem Kleeschen dat eent oder dat anert Lidd, an dann gëtt et eng Tiitchen, déi bréngt de Kleeschen matt. Op Ofsprooch, kann de Kleeschen de Kanner awer och de Cadeau iwwerreechen. De Kleeschen hëlt selbstverständlech awer och de Kanner hier Wënsch entgéint.

Detailer a Wënsch schwätze mir gäer mat Iech um Telefon of.

Mir freeën eis iwwer al kleng Spent, déi Dir eis fir eis Präsenz maacht, wann et Iech gefall huet.